Iwwert eis

Wee mir sinn

Radio ARA ass de fräien an alternative Sender vu Lëtzebuerg. Eng Villzuel vu Bierger an Associatioune maache bei eis Emissiounen.

Eise Programm charakteriséiert sech duerch folgend Atout'en:
- Originell: et gëtt ëmmer eppes ze entdecken
- Speziell: d'Kombinatioun vu verschiddene Stiler
- Multikulti: verschidde Stëmmen a Sproochen, Musek vun hei a vum aneren Enn vun der Welt.

Wéi et ugaang ass

Radio ARA krut am Joer 1992 eng Lizenz fir d'Bedreiwe vun engem Sendernetz zu Lëtzebuerg. Dëse Réseau ëmfaasst en Haaptsender an der Stad (kuck hei) a verschidde Relaissender uechter d'Land.

Radio RadAU, deen an der zweeter Halschent vun den 80er Joren an der Stad an am Süden vum Land als Pirat gesend huet, kann als ee vun de Motoren vun der Liberaliséierung vun de Radiowellen zu Lëtzebuerg ugesi ginn. Eng Rëtsch Leit vun deemools waren dobäi wéi de Projet Radio ARA gebuer gouf.

Evolutioun

Eise Programm war vun Ufank un markéiert duerch eng staark Bedeelegung vun der internationaler Communautéit vu Lëtzebuerg. Mee d'Ëmgestaltung vum Moiesprogramm als engleschsproochegen Service am Joer 2000 ënnert dem Numm "ARACityradio" war dach e bedeitende Schrëtt an der Geschicht vum Radio.

2004 huet Graffiti, d'Associatioun déi sech ëm d'Jugendemissiounen nomëttes këmmert, eng Éducatrice graduée agestallt an domadder eng nei Dynamik lancéiert. Heiduerch konnten déi jonk Reporter a Musek-DJ'en professionell encadréiert ginn an och d'Zesummenaarbecht mat aneren Associatiounen, Initiativen a Jugendhaiser gouf verbessert.

<zreck>