Dëse Mount riichte mer eis Opmierksamkeet op d’Ënnerstëtzung fir déi betraffe Familljen.
All Persoun am autistesche Spektrum ass ganz individuell. An esou individuell wéi si och ass, esou individuell kënnen och hir Probleemer sinn, bei deenen si op Ënnerstëtzung ugewisen ass.
De Service Soutien vun der Fondation Autisme Luxemburg ënnerstëtzt net nëmmen déi betraffe Persounen, mä och hir Familljen an alle Liewensberäicher. Heibäi passt d´Ekipp hir verschidden Ënnerstëtzungsformen un déi perséinlech Ufroen a Besoine vun de Familljen un.
Fir méi doriwwer gewuer ze ginn, wéi ënnerschiddlech esou eng Ënnerstëtzung kann ausgesinn, hu mir eis mat verschiddene Familljen, déi vun eisem Service Soutien begleet ginn, getraff..
Stëmme vun denen betraffenen Persounen, goufen vu de benevol Radiomoderatoren -Innen zur Verfügung gestallt.
Belongs to
12 Méint – 12 Geschichten
With : Graffiti Not regularAm Kader vun de 25 Joer Fondation Autisme Luxembourg (FAL), soll Geleeënheet genotzt ginn, d’Thema Autismus-Spektrum-Stéierung der breeder …
- Lb
- Feature
- Graffiti Talks
- Interview
- Reportage