Am Bistro mat der Woxx - Alles, wat dir iwwert #openlux wësse musst

Published on 12/02/2021 5:30 pm
Dës Woch huet d’Recherche #openlux d’Aktualitéit zu Lëtzebuerg dominéiert. Op een néits steet d’Finanzplaz an der Kritik, an dat wéinst Recherchë vun engem internationalen Team vu Journalist*innen. Dorënner och de Luc Caregari vun der woxx, deen eis Ried an Äntwert steet. Mir schwätzen doriwwer, wat #OpenLux genee ass, wéi d’Recherche gaangen ass a wat hien alles entdeckt huet. Dorënner ass net nëmmen d’Erkenntnis, datt Lëtzebuerg nach ëmmer ee Steierparadäis ass, mä och d’Firme vum Grand-Duc Henri, Connectioune mat der Mafia an d’Konzernkonstrukt, dat hannert Pornhub steet.
Belongs to
Am Bistro mat der Woxx
With : Joël Every Friday at 18.00Weekly chronique of the multilingual weekly friday newspaper WOXX published in Luxembourg. Every friday at 6pm on Bistro Show.
- De
- Feature