Published on 05/02/2021 5:30 pm

Mir wiesselen haut ausnamsweis vum Bistro an de Canapé: Macht Iech et gemittlech, mir hunn eppes Neies fir Iech – de Kulturpodcast “Um Canapé mat der woxx” mat frëschem Konzept. Ee Mol am Mount schwätze woxx-Journalist*innen ënnerteneen, mä och mat Gäscht iwwert Konscht a Kultur. Wat eis dobäi wichteg ass? Datt mir an dem Zesummenhang en Bléck op d’Duerstellung vu marginaliséierte Persounegruppen, Ëmwelt a weider fir d’woxx relevant Theme geheien.

An dräi Deeler diskutéiere mir iwwert kulturell Produktiounen – nei oder al – a stellen zum Schluss deen een oder anere Kultur-Tipp aus der woxx vir.

Eis éischt Folleg dréint sech em de Bléckwiessel: Wisou fält et dem Tessie Jakobs (woxx) schwéier “La vie d’Adèle” ze genéissen? Wéi gëtt aus der Gees Emma Bovary fir d’Isabel Spigarelli (woxx) en Symbol fir d’Ënnerdréckung vun der Fra? Wéini vergeet engem bei romantesche Komedien d’Laachen a sinn Tampon’en am Musée Konscht oder Skandal? Op dës an aner Froe ginn d’Tessie an d’Isabel hir perséinlech Äntwerten.

Belongs to

Am Bistro mat der Woxx

With : Joël Every Friday at 18.00

Weekly chronique of the multilingual weekly friday newspaper WOXX published in Luxembourg. Every friday at 6pm on Bistro Show.

  • De
  • Feature

Um Canapé mat der woxx – #1 Bléckwiessel