Published on 31/03/2023 4:00 am

Wann et ëm eis Zukunft geet, hu mir et selwer an der Hand. Dat gëtt eis Jonken jiddefalls oft gesot. Engagéiert iech, soen se, setzt iech an fir dat, wat iech wichteg ass! Ma dat ass net ëmmer esou einfach, besonnesch an enger Welt déi ëmmer méi komplex gëtt a wou d’Krisen sech heefen. Gesellschaftspoliteschen Engagement heescht och, sech no der Schoul motivéieren, fir sech innerhalb vun enger Organisatioun an ze bréngen, mat ze diskutéieren a mat ze schaffen. Mir schwätzen an dëser éischter Episod driwwer, wou een sech hei zu Lëtzebuerg gesellschaftspolitesch engagéiere kann a firwat dësen Engagement sech nach ëmmer lount. Ausserdeem stelle mir e puer Projete fir, wou Schüler:innen sech an hirer Schoul engagéieren. 

Du wëlls selwer aktiv ginn, dech mat anere Jonken zesummendoen an ufänken eppes ze veränneren? Da komm einfach ganz onverbindlech op eis Versammlung laanscht, ëmmer mëttwochs um 17.30 Auer am Oekozenter Pafendall. Mir freeën eis op dech!

Belongs to

Fënnefopzwielef

With : Romy 4th Friday of the Month at 4pm

Fënnefopzwielef ass de politeschen Nohaltegkeetspodcast vu move., déi Jonk am Mouvement écologique. Maach dech prett fir spannend Interviewen, …

  • Lb
  • Graffiti
  • Talk

fënnefopzwielef EP1: Jonk an engagéiert – firwat lount sech dat?