Published on 28/04/2023 4:00 pm

Ween huet meng Kleeder gemaach? Ënnert wéi enge Konditioune goufen se produzéiert? Wéi kann ech akafen ouni Mënsch, Ëmwelt an Déier ze schueden? A wéi eng Roll spillt d’Politik iwwerhaapt dobäi?

An dëser zweeter Folge kucke mir eis Alternativen zu Fast Fashion un a schwätze mat Acteuren aus deem Beräich. Vu Second Hand, iwwer Upcycling, zu nohalteg produzéierter Moud, ass fir jiddereen:t eppes dobäi. Freet iech op spannend Interviews, eng ureegend Diskussiounsronn an en informative Bericht. E Micro Trottoir souwéi e Spill hu mir natierlech och rëm fir iech virbereet. Lauschtert eran!

Méi Infos fannt dir hei: Akabobuttek Fair Fashion, Lët’z Refashion, BENU Village/Couture, Pilea Secondhand, Goodonyou

Belongs to

Fënnefopzwielef

With : Romy 4th Friday of the Month at 4pm

Fënnefopzwielef ass de politeschen Nohaltegkeetspodcast vu move., déi Jonk am Mouvement écologique. Maach dech prett fir spannend Interviewen, …

  • Lb
  • Graffiti
  • Talk

FËNNEFOPZWIELEF EP2: FAST VS. FAIR FASHION