No thumbs
Published on 24/08/2021 3:00 pm

Dir fannt hei den 2ten Deel vun der Episode ‘Wuelbefannen bei Jugendlecher an der Pandemie’.

An der éischter Episode ass generell doriwwer geschwat ginn wei sech di Jugendlech hei am Land fillen an wei d’Jugendzentren d’Situatioun aschätzen.

An der neier Episode gëtt et méi spezifesch em d’mental Gesondheet vun den Jonker an wei d’Experten d’Situatioun aschätzen.

Ech hunn en Interview mam Melanie, wat mat 19 Joer an d’Pandemie erakomm ass an start dovunner betraff ginn ass.

An als Expert hunn ech d’Barbara Gorges-Wagner, chargée de direction vum Kanner an Jugendtelefon, gefrot wat si vun der ganzer Situatioun hält.

P.S:

An wie och an der Episode erwähnt, wann dir perséinlech am Moment Schwieregkeeten mat ärer mentaler Gesondheet huet oder dir kennt en den an solch enger Situatioun ass, dann sidd iech bewosst dass dir net eleng sidd.

Mell iech och gären beim Kanner an Jugendtelefon mat egal wat fir engen Froen. Sie sinn dofir do fir iech ze hëllefen. Telefonsnummer ass 116111 an natierlech kennt dir iech och bei hinnen am Online Chat mellen, wou d’Gespréicher ganz anonym verlafen.

 

 

Belongs to

Generation Thoughts

With : Maria Every month on Tuesday's at 14h

‘Generation Thoughts’, d’Rubrique di d’Äntwerten op deng Froen huet. Egal op et em Sex, Relioun oder Katzen gëtt, …

  • Lb
  • Graffiti
  • International
  • Reportage
  • Talk

Wuelbefannen vun Jugendlecher an der Pandemie Part 2