Graffiti Talks - Respect Song Contest
respect.lu – den Zentrum géint Radikaliséierung organiséiert am Kader vun hirem 5-järegen Bestoen e Song Contest.
Onofhängeg vum Alter, Geschlecht, Museksstil, Zesummesetzung vun der Band oder Sprooch ka jiddereen e Song erareechen, vu max 4 Minuten an zum Thema RESPECT
Di eragereechten Aarbechten sollen Wäerter a Visiounen vu respect.lu widderspiggelen => Resilienz, Gleichheit, Solidaritéit, Perspektiven, Empathie, Kommunikatioun an Toleranz
Den 1ten Gewënn ass eng professionell Audio- a Videoopnam. Gewënner 2 an 3 kréien eng professionelle Tounopnam.
Asendeschluss ass den 1. Dezember an all weider Info ginn et op respectsongcontest.lu
Belongs to
Graffiti Talks
With : Graffiti Every Thursday at 15:00GRAFFITI TALKS ass Informatiounssendung am Graffiti Programm. Hei fannt der e ganzen Koup Interviews, Berichter a Rubricken mat interessanten …
- Lb
- Entertainment
- Graffiti Talks
- Playlist
- Talk