Graffiti Talks - SNJ – Campagne #EchWëllEchKann
Campagne #EchWëllEchKann
Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun verbréngen di Jonk säit iwwer engem Joer vill Zäit doheem. D’Campagne #EchWëllEchKann soll de Jonken dobäi hëllefen, Aktivitéiten a Projeten ze entdecke fir rëm méi aktiv ze ginn, hiren Interessien nozegoen an Neies ze entdecken. Mir wëllen hinne mat dëser Campagne Iddie ginn, wou a wéi si sech ausliewe kënnen. Nieft engem Internetsite, wou si an de Kategorie Beweegung, Engagement, Kreativitéit an Natur Inspiratioun fannen, leeft och eng Campagne op de soziale Medien, wou mir Ufank Juli en Challenge lancéieren. Strukturen an Organisatiounen, déi Angeboter hunn, wou Jonker méiglechst onkomplizéiert matmaache kënnen, kënnen eis hir Offeren iwwert en Online-Formulaire eraschécken. Souwuel kleng Aktivitéite wéi och méi laangfristeg Projeten, kënne mir op eisen neien Internetsite setzen.
Link Site Campagne #EchWëllEchKann: www.echwellechkann.lu / www.jeveuxjepeux.lu
Link fir Organisatiounen, déi hier Aktivitéite wëllen op de Site setzen: https://echwellechkann.lu/lu/partner/ / https://echwellechkann.lu/fr/espace-partenaire/
Belongs to
Graffiti Talks
With : Graffiti Every Thursday at 15:00GRAFFITI TALKS ass Informatiounssendung am Graffiti Programm. Hei fannt der e ganzen Koup Interviews, Berichter a Rubricken mat interessanten …
- Lb
- Entertainment
- Graffiti Talks
- Playlist
- Talk