Published on 19/04/2021 6:00 pm

Ob Cabaret, Theater, Film oder Dramatik, d’Eugénie fillt sech a villen Disciplinne wuel an ass eng richteg Powerfra. Scho mat 5 Joer stoung d’Eugénie déi éischte Kéier virun der Kamera. Am Lycée koumen dunn déi éischt Theater a Filmoptretter éier hatt decidéiert huet op Zürech op d’Schauspillschoul ze goen. Haut huet d’Eugénie sech net nëmmen zu Lëtzebuerg en Numm gemaach mee schafft och reegelméisseg am Ausland. Wunnen deet hatt momentan zu Berlin och wann hatt nach reegelméisseg zu Lëtzebuerg fir Theater a Filmproduktiounen ze gesinn ass.

Mir hunn mat der dynamescher Schauspillerin iwwert d’Liewen op an hannert der Bün geschwat, iwwert d’Challengë vum Selbstänneg si wéi och hier aktuell an zukünfteg Projeten.

Belongs to

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg

With : Culture.lu Every second Monday at 18.00 (REPLAY - Every second Wednesday at 14.00)

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg …

  • Lb
  • Agenda
  • Graffiti
  • Interview

KulturPur – Am Gespréich mam Eugénie Anselin