Zu Gaascht an dëser Episode ass d’multidisziplinär Kënschtlerin Katharina Bintz. Hat ass Schauspillerin, Schrëftstellerin, produzéiert seng eege Filmer a mécht och Synchronisatiounsaarbechten. Mir schwätzen an dëser Episode iwwert folgend Themen:
- Bedeitung sech mat senger Stëmm a verschidden Aart a Weisen auszedrécken
- Prozess rauszefanne wat een am Liewe maache well
- Schicksalsschlag: Multipel Sklerose
- Wisou gouf et keng Me Too Beweegung zu Lëtzebuerg?
- Erzielung: Valley Girl
Lidder déi an dëser Episode gefeatured gi sinn:
___________
KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!
Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op Instagram.
Belongs to
KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg
With : Culture.lu Every second and forth Thursday of the month at 6pmKulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg …
- Lb
- Agenda
- Graffiti
- Interview