Published on 08/12/2022 6:00 pm

An dëser Episode schwätzt d’Ceci mat der Kënschtlerin Sarah Mandres iwwert de Prozess an d’Hannergrënn vu senger Konscht.

➡ Wéi schwéier ass et “wéi ee Kand” ze molen? D’Konscht vu Kanner ass fräi vun all Jugement vun der Gesellschaft a gëtt als “reng” Konscht bezeechent, déi Erwuesse Leit oft net hikréien.

➡ Du muss dech am Ufank als Kënschtlerin beweisen – wéi ass dat zu Lëtzebuerg?

➡ Kënschtlerfaktor: Wéi rechne Kënschtler:innen hier Präisser?

➡ Konscht als Selbsttherapie

Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn:
11:48 Grossstadtgeflüster – Fickt-Euch-Allee
23:39 The Rolling Stones – Paint It Black
Photo Credits: © Anouk Flesch

___________

KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!

Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op Instagram.

Belongs to

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg

With : Culture.lu Every second and forth Thursday of the month at 6pm

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg …

  • Lb
  • Agenda
  • Graffiti
  • Interview

Sarah Mandres – The Inner Child an der Konscht