Published on 24/11/2022 6:00 pm

Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d’Graphikdesignerin Sarah Vermeulen. Hat erzielt eis iwwert d’Insights vun der Aarbecht als Freelancerin. Folgend Theme schwätze mir ënner anerem un:

➡ Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d’Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Plattform?

➡ Wéi a wou mécht ee richteg Pub fir sech als Kënschtler:in z’etabléieren?

➡ Social Media: Wéi gëtt ee mam Drock eens?

➡ Wéi een Afloss huet d’Politik op d’Konschtzeen? Lëtzebuerger hunn Haudesdags extrem vill Réckewand fir Projeten ëmzesetzen!

 

Lidder déi an dëser Episode gefeatured goufen:

10:09 Luk – Traureg Mee Et Geet

21:33 Sixo ft. Irem – Gold

31:58 Turnup Tun ft. Lilou – De Gudden

___________

KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!

Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op instagram.

Belongs to

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg

With : Culture.lu Every second and forth Thursday of the month at 6pm

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg …

  • Lb
  • Agenda
  • Graffiti
  • Interview

Sarah Vermeulen- Réckewand an der Kënschtlerzeen