Lescht Chance fir Mediepluralismus
Iwwert de Rôle vu Community Medien zu Lëtzebuerg an an Europa
(LU) Déi lëtzebuergesch Medienlandschaft steet viru groussen Erausfuerderung – an dëst sinn och d’Erausfuerderungen virun deenen an noer Zukunft déi europäesch Öffentlechkeet an europäesch Medien-Acteure stoe wäerten. Wat bedeit déi wuessend Diversitéit bei de Sproochen, bei den kulturellen Hannergrënn an den Liewensrealitéiten fir Medieninstitutiounen an hier Sich no Public? Wéi kënnen eng breet Repräsentatioun a Partizipatioun garantéiert ginn? Kann de Medienpluralismus erhale bleiwen? Dëse Froen muss sech déi Lëtzebuerger Medienwelt zu engem Moment stellen un deem si och mat deenen weideren, globale Problemer vun der Press ze kämpfen huet: Dem Réckgank vun Publicitéitsrevenuen, vu Public an vun Kredibilitéit.
D’Konferenz “Lescht Chance fir Medienpluralismus” versicht déi aktuell Diskussioun ronderëm déi lëtzebuergesch Medienwelt an déi lokal Medien nees op déi méi grouss Ziler ze fokusséieren. Dobäi soll erausfonnt ginn wéi ee Role Community Medien, déi a ville Länner als Garant vum Medienpluralismus zilen, beim begéinen vun heitegen an zukünftegen Erausfuerderungen spille kéinten.
Freideg, 9ten Oktober
19h30 Introduktioun (EN/LU)
D’Äntwert vu Community Medien op déi grouss Erausfuerderungen
vun eiser Zäit. Dräi kuerz Präsentatiounen.
(20h15) Podiumsdiskussioun (LU)
“Lescht Chance fir Medienpluralismus zu Lëtzebuerg”:
Diskussiounsronn mat Vertrieder*innen vu Medien a Politik ronderëm
dee geplangten gesetzleche Kader fir d’Pressehëllef.
Samschdes, 10ten Oktober
13h00 Keynote Präsentatiounen (EN/DE)
De Bléck aus Wëssenschaft, staatlechen Institutiounen an dem
Europarot op déi aktuell Situatioun vu Community Medien.
17h00 Pressekonferenz (LU/EN)
CMFE a Radio ARA
18h00 CMFE Generalversammlung
Last Chance For Media Pluralism
The role of Community Media in Luxembourg and Europe
(EN) The challenges Luxembourgs media landscape is facing, give an outlook on future challenges for the European general public and its media actors. What does the growing diversity of languages, cultural backgrounds and living conditions mean for media institutions in search of their public? How do both representation and participation work and is media pluralism guaranteed? These questions hit Luxembourgs media landscape during a time of preoccupation with other, global crises: the decline of revenu, audience and credibility.
The conference “Last chance for media pluralism” aims to keep the discussion around Luxembourgs media landscape and the local media players focused on the greater goals. It explores the question to which extend Community Media are an important tool to encounter todays and tomorrow challenges.
Friday 9th october
19h30: Introduction (EN/LU)
The answer of Community Media on the big challanges of our time.
Three short presentations.
(20h15) Panel discussion (LU)
“Last Chance for Media Pluralism in Luxembourg”: Representatives
of media an politics discuss to introduction of new legislation.
Saturday 10th october
13h00: Keynote speeches (EN/DE)
International experts including scientists, policy makers and experts
from the Council of Europe analyse the current state of Community
Media on the european Level.
17h00: Press conference (LU/EN)
CMFE and Radio ARA
18h00: CMFE Annual meet
(LU) D’Konferenz fënnt ënner Respekt vun allen sanitären Oplagen den 9.-10. Oktober am Oekozenter (Pafendall) statt. Zousäzlech wäert d’Konferenz online iwwerdroen ginn.
Umeldungen per Mail un: conference@ara.lu(EN) The Conference takes places on 9.-10. of october at Oekozenter (Luxembourg-Pfaffenthal). All current sanitary guidelines will be respected. In addition, the conference will be streamed online. Please register yourself via Mail: conference@ara.lu |