Mental Health ass stigmatiséiert, Sexualitéit och. Wann d‘ Sexualitéit dann och nach vun der mentaler Gesondheet beaflosst gëtt, ass d‘ Kommunikatioun duebel erschwéiert.
Den Elie an d*e Robin probéieren an dëser Episod mat dëse Stigmen ze briechen a schwätzen doriwwer, wéi déi mental Gesondheet d’Sexualitéit an déi sexuell Gesondheet beaflosse kann – an ëmgedréint.
An der Rubrik „Sexmythos“ schwätzt Kelly iwwer d’Geschicht(en) vun de Vibratoren.
Content Note: An dëser Episod ginn Depressiounen, Trauma, Panik an Iessstéierungen ugeschwat. Wann s du Probleemer mat dësen Themen hues, da lauschter dës Episod w.g.l. net eleng.
Hei fënns du Hëllef:
Centre LGBTQ+ Cigale
Planning Familial
Pro Familia
SOS Détresse
Kanner-Jugendtelefon
Belongs to
Méi wéi Sex
With : Robin, Elie, Joël & Kelly Every Friday at 15:00Méi wéi Sex ass de Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper. All zwou Woche schwätze mir, d'Anne, den Elie, de Joël an d'Kelly iwwer Gefiller, …
- Lb
- Talk