Content Note: An dëser Episod ginn Trauma an Erfarunge mat sexueller Gewalt ugeschwat. Wann s du Probleemer mat dësen Themen hues, da lauschter dës Episod w.g.l. net eleng.
Vaginismus – vill Leit wäerten nach ni eppes dovun héieren hunn. Dobäi si vill méi Leit vu Vaginismus betraff, wéi een*t denkt, an si sinn oft mat ville Virurteeler an Onverständnis konfrontéiert. Eis Illustratorin Lynn huet Vaginismus, a schwätzt an dëser Episod mam Robin doriwwer, wat fir en Afloss dës Konditioun op seng Bezéiungen a säi Liewen huet.
An der Rubrik kläert d’Kelly doriwwer op, wéi een*t am beschte mat Jugendlecher iwwer Sex schwätzt.
Hei kanns du Hëllef zu Lëtzebuerg fannen, wann s du vu Vaginismus betraff bass:
https://www.profamilia.lu/
http://www.sexpert.lu
https://www.planning-familial.org/fr
Belongs to
Méi wéi Sex
With : Robin, Elie, Joël & Kelly Every Friday at 15:00Méi wéi Sex ass de Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper. All zwou Woche schwätze mir, d'Anne, den Elie, de Joël an d'Kelly iwwer Gefiller, …
- Lb
- Talk