Published on 17/02/2023 3:00 pm

Bal jiddereen*t huet sexy Kleedung am Schaf – wann een déi awer matenee vergläicht, fënnt een*t net onbedéngt ganz vill Gemeinsamkeeten. D Meenungen doriwwer, wat sexy Kleedung (oder wat amfong sexy) ass, sinn sou divers wéi d Leit déi sech dës Fro stellen! De Joël an d*e Robin diskutéieren haut ebe grad dës Differenzen, mee och wee sech iwwerhaapt sexy präsentéieren däerf a wéi staark deen eegene Bléck op sech selwer vum Bléck vun aneren ofwäiche kann.

An der Rubrik erkläert Kelly wéi een*t am beschten seng Broscht oftaascht a wourop een*t oppasse sollt.

 

 

Belongs to

Méi wéi Sex

With : Robin, Elie, Joël & Kelly Every Friday at 15:00

Méi wéi Sex ass de Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper. All zwou Woche schwätze mir, d'Anne, den Elie, de Joël an d'Kelly iwwer Gefiller, …

  • Lb
  • Talk

#113 Costum, Minijupe oder Hoodie? – Sexy Kleedung