Published on 03/03/2023 12:00 am

HPV – huet dat net eppes mat Gebärmutterhalskriibs ze dinn a geet dofir nëmme Mënsche mat Uterus eppes un? D’Äntwert ass ganz kloer nee! De Human Papilloma Virus ass e sexuell iwwerdrobare Virus, deen, onofhängeg vum Geschlecht, immens wäit verbreet ass. Dobäi si sech wéineg Leit bewosst, wéi eng Risiken eng HPV Infektioun mat sech bréngt, wéi e sech iwwerdréit a wéi een*t sech schütze kann. An dëser Episod schwätzt d*e Robin mamm Kim aus eiser Community: hat huet eng HPV Infektioun hannert sech, an erzielt eis vu sengen Erfarungen.

An der Rubrik erkläert den Elie, wat amfong en Urolog ass.

Belongs to

Méi wéi Sex

With : Robin, Elie, Joël & Kelly Every Friday at 15:00

Méi wéi Sex ass de Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper. All zwou Woche schwätze mir, d'Anne, den Elie, de Joël an d'Kelly iwwer Gefiller, …

  • Lb
  • Talk

#114: Méi wéi Gebärmutterhalskriibs – HPV Témoinage