Published on 11/09/2020 3:00 pm
Firwat huet de Winnie Puuh keng Ënneschtbox un? Gëtt et Ënnerwäsch mat Spëtzt fir Mënsche mat Penis? Sinn Tennisstrëmp an der Kombi mat Birkenstock sexy? A wien ass deen ominéisen de Marcel? De Joël an d’Anne maachen et an der 66. Episod vu Méi wéi Sex gewëssermoosse wéi d’Superheld:innen a ginn der Ënnerwäsch méi Visibilitéit wéi soss.
Belongs to
Méi wéi Sex
With : Robin, Elie, Joël & Kelly Every Friday at 15:00Méi wéi Sex ass de Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper. All zwou Woche schwätze mir, d'Anne, den Elie, de Joël an d'Kelly iwwer Gefiller, …
- Lb
- Talk