Published on 16/07/2021 3:00 pm

Et ass souwäit. D’Staffelfinal, déi mir live mat Publikum op eisem Event de 26. Juni opgeholl hunn, ass elo online. Et gëtt e Bilan vum vergaangene Joer gezunn, vill gelaacht a bal gekrasch. Mir hätte gär och iwwer d’Zukunft geschwat, mä déi kenne mir leider selwer nach net. Soubal mir méi wëssen, soe mer iech Bescheed. An Tëschenzäit wënsche mir iech vill Spaass mat dëser extended version, an där net just d’Moderatiounsteam ze héieren ass, mä och eis wonnerbaart Michèle. Op senger éischter Illustratioun fir déi drëtt Staffel hu Genitalien dierfen Auto fueren. Lo schéckt d’Michèle si gemeinsam an d’Vakanz. Mir drécken hatt ganz fest a senden och all deenen en virtuellen Hug, déi beim „Ouergasmus Live“ dobäi waren, gehollef, gelauschtert a gekickelt hunn. Deenen, déi se noträglech lauschteren natierlech och.

Belongs to

Méi wéi Sex

With : Anne, Elie, Joël & Kelly Every Friday at 15:00 (REPLAY - Every Tuesday at 18:10)

Méi wéi Sex ass de Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper. All zwou Woche schwätze mir, d'Anne, den Elie, de Joël an d'Kelly iwwer Gefiller, …

  • Lb
  • Bistro
  • Talk

#88 Ouergasmus live – Staffelfinal