Beréierungen am Alldag si wichteg. Dat hunn déi meescht vun eis spéitstens am éischte Lockdown geléiert, wou ob de Phänomen vum „Skin Hunger“ fir vill vun eis spierbar ginn ass. Mä net nëmme Beréierungen, och Kuschelen, Kraulen oder Heemele si wichteg fir eist Wuelbefannen. An dëser Episod schwätzt de Joël mam Elisa doriwwer. D’Elisa kuschelt net nëmme gären, hat ass och professionell Kuschlerin. Nieft der Fro, wat Pandabieren a Bonoboe mat Kuschelen ze dinn hunn, erkläert d’Elisa eis och, wéi hat zu dësem aussergewéinleche Beruff komm ass. Een éischten Abléck an de Workshop, deen hat am Kader vun eisem End of Season-Event gëtt, kréie mir och schonn. An an der Rubrik kläert d’Kelly eis iwwer thermesch Verhütung op.
Mëllt Iech un fir eisen End of Season-Event de 25. Juni zu Esch! Ënnert dësem Link fannt dir all d’Informatiounen. Maacht Iech bäi, d’Plaze si begrenzt!
Belongs to
Méi wéi Sex
With : Robin, Elie, Joël & Kelly Every Friday at 15:00Méi wéi Sex ass de Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper. All zwou Woche schwätze mir, d'Anne, den Elie, de Joël an d'Kelly iwwer Gefiller, …
- Lb
- Talk