Published on 20/07/2023 3:00 pm

D’Klass Cycle 4.2 vu Walfer mam Enseignant Dan Courte sinn 13 Schüler a Schülerinnen a vill verschidden Nationalitéiten.

Sie hunn zesummen e Projet „Wellbeing” gemaach, well dat och en Thema am franséische Buch ass: gesond iessen, Sport maachen, zesumme schwätzen a spillen, asw.

D’Klass huet wärend 6 Wochen um Projet geschafft, hu Moderatiounen an Texter geschriwen, Ëmfroen an Interviews gemach an dono verschrëftlecht an natiirlech ageübt. Den Opbau a Script vun der Sendung hu si gemeinsam opgestallt, eier sie eng Visite am Radio gemaach hunn. Hei hu sie dann alles opgeholl.

E Rapsong ass eegens fir dësen Zweck mam Enseignant erfonnt an opgeholl ginn.

Belongs to

Ouereschlëffer

With : Romy not regular

“Ouereschlëffer” ass eng Zesummenaarbecht vum Radio ARA, dem IFEN (Institut de Formation de l’Education nationale) an …

  • Multilingual
  • Entertainment
  • Talk

Projet Wellbeing vun dem Cycle 4.2 vu Walfer