Published on 11/05/2022 2:05 pm

BENU Village läit zu Esch/Alzette, am Süde vun der Groussregioun. Et ass e sozio-ökologesche Projet deen 2017 gegrënnt gouf an deen als Initiativ d’Zero Waste Beweegung huet. De ganze Projet baséiert op de Prinzippie vun der Kreeslafwirtschaft.

BENU Village Esch ass eng Plaz, déi stänneg no neie Weeër sicht, fir ëmmer manner nei Ressourcen ze benotzen an d’Offäll ze reduzéieren. D’Haaptiddien an d’Haaptzil hannert dem Projet ass d’Verschwendung vu Ressourcen ze limitéieren an den ökologeschen a soziale Foussofdrock stänneg ze verbesseren, an och eng nohalteg a lokal Produktioun ze garantéieren. BENU Village steet also fir qualitativ héichwäerteg kreativ Produkter a Servicer, wéi Participatioun, Integratioun an Zesummenaarbecht.

All BENU Konzepter baséieren op ReUse an UpCycling. An eise verschiddenen UpCycling Ateliere kreéieren a produzéiere mir nei Kleeder a Miwwelen op Basis vu recycléiertem Material. BENU erlaabt Dir also net nëmme lokal ze kafen, awer och ze kafen andeems Du ëmweltfrëndlech a sozio-verantwortlech bass.

Weider Informatiounen fenns de um Facebook, op Instagram oder och um Internet Site.

Belongs to

Radio Aktiv

With : Romy Every second Wednesday at 14:00

Radio Aktiv ass eng Sendung fir Jonker vun Esch an zum Deel och vu Jonke produzéiert.

  • Lb
  • Entertainment
  • Interview
  • Radio Aktiv
  • Talk

Reportage – BENU