
Am Kader vun de 25 Joer Fondation Autisme Luxembourg (FAL), soll Geleeënheet genotzt ginn, d’Thema Autismus-Spektrum-Stéierung der breeder Ëffentlechkeet méi no ze bréngen.
De Projet “12 Méint / 12 Geschichten” ass ausgeschafft ginn, fir all Mount ee bestëmmte Liewensberäich am Zesummenhang mat Autismus vun puer Säite ze beliichte wäerten: déi betraffe Persounen hirer eegen Erfarungen zu dësem Thema, a komplettéiert mat enger fachlecher Approche vum spézialiséierten Personal.
Wéi erliewen déi betraffe Persoune selwer hiren Handicap? Wéi huelen si hir Ëmwelt wouer? Wéi gesäit d’Realitéit vun autistesche Persounen an hirem Ëmfeld wierklech aus?
Dës Interview’en goufen am Viirfeld mat denen betraffenen Leit gemaach. An Zesummenarbescht mat Radio ARA a Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA sinn se elo vertount ginn. Di benevol Radiomoderatoren -Innen hunn héi hier Stëmm zur Verfügung gestallt.