
Richtung22 ass ee jonkt Kënschtler*innekollektiv a produzéiert satiresch Filmer an Theaterstécker. Och mat Monumenter, Konscht-Aktiounen a Campagnen a ville klengen Initiativë versiche mir, kreativ Kritik unzebréngen an wichteg Diskussiounen ze lancéieren. Mir wëlle polariséiere fir Problemer siichtbar ze maachen a d’Konscht aus hirem elitäre Kader rappen.
Zanter Mäerz 2016 huet Richtung22 eng Sendung um Radio ARA.
Den Revolutiounspodcast
Iwwer 4 Joerzéngte gëtt Lëtzebuerg elo schonns vun deem däischteren Onrechts-Regime beherrscht. D’Land befënnt sech komplett an den Hänn vun der Bankomatokratie an all Organismen sinn hier ënnerworf. Richtung22 wäert all Mount mat engem neie Plang probéieren d’Schreckensherrschaft ze beenden.