Iwwer Gott an d´Welt

With : Radio ARA
Every third Tuesday of the month at 7:30 pm

An dëser Sendung gëtt “iwwer Gott an d’Welt” geschwat. De Lex an de Bob vun AHA Lëtzebuerg beliichte verschidden Themen duerch de Brëll vum weltleche Humanismus.

Si schwätze mat Humanistinnen an Humanisten aus der ganzer Welt iwwer d‘humanistesch Liewensweis, hier Wäerter an Iwwerzeegungen.

Dobäi behandelen si ënner anerem:

  1. d’Geschicht vum Humanismus, Atheismus, Agnostizismus an der Opklärung
  2. d’Wichtegkeet vum Prinzip vum säkulare Staat fir d’Gewëssensfräiheet, d’Meenungsfräiheet an d’Reliounsfräiheet,
  3. déi weltlech humanistesch Feierkultur a verschiddene Länner,
  4. d’Roll vun der Wëssenschaft an der Gesellschaft an;
  5. déi grouss moralesch an ethesch Themen vun eiser Zäit.

All Episod vun “Iwwer Gott an d’Welt” exploréiert en anert Gebitt vum humanisteschen Denken an Handelen, vu Politik iwwer Reliounskritik, Vernonft, Selbstbestëmmung, Fräiheet, Wëssenschaft, Kierchekritik a Verantwortung bis zur Popkultur.

Wann Dir Iech als Humanist, Atheist, Agnostiker ugesinn, oder wann Dir méi iwwer Humanismus, Atheismus an Agnostizismus gewuer wëllt ginn, da lauschtert an dës Sendung ran.

Episodes

Interview with Leo Igwe from Nigeria

Show: Iwwer Gott an d´Welt
Date: 18/04/2023 7:30 pm

Interview (Deel 2) mam Darwinismus Expert Laith Al-Shawaf

Show: Iwwer Gott an d´Welt
Date: 21/03/2023 7:30 pm

Interview (Deel 1) mam Darwinismus Expert Laith Al-Shawaf

Show: Iwwer Gott an d´Welt
Date: 21/02/2023 7:30 pm

Ukraine / Litauesch Humanisten Associatioun

Show: Iwwer Gott an d´Welt
Date: 17/01/2023 7:30 pm

Interview mam Soheil Banejshafiee

Show: Iwwer Gott an d´Welt
Date: 20/12/2022 7:30 pm

Jean-Claude Hollerich - Säkularismus - Zukunft des Christentums

Show: Iwwer Gott an d´Welt
Date: 15/11/2022 7:30 pm

Iwwer Gott an d´Welt