
Eng Sendung voll mat improviséierter Musek, oft Jazz genannt. Spannend Musek. Kee Geduddels wat Jazz genannt gëtt soubal ee Saxophon oder eng Trompett virkënnt. Keng Musek déi eis z.B. am Supermarché an d’Ouere bléist. Musek di oppen ass fir Mixturen mat Rock, Punk, Elektro, Hip Hop, World, Klassik an an an. Heiansdo douce mä meeschtens méi haart an dynamesch. Den neien Jazz eben. Fréier gouf dat och emol Free Jazz genannt. Mä och dat huet mat der Zäit geännert. New Jazz eben. Schwéierpunkt d’Improvisatioun. Och mol mat Gäscht.