
Säit dem 6. Dezember 1992 presentéieren ech all Sonndeg dat spannendst, wat déi sougenannt „World Music“ ze bidden huet. World Music gëtt et eigentlech net, mee et gëtt eng Rei universell Museksstiler, déi an den 200 Länner vun der Welt deels ënnerschiddlech, deels ähnlech interpretéiert ginn. Dofir begräift MALINYé nët nëmmen ethnesch oder neotraditionell Musek, mee virun allem Pop, Rock, Chanson, Jazz, Hiphop, … an der origineller Interpretatioun vun de ville Regiounen vum Planéit.
Fréier war d’Sendung an 4 regionalspezifesch Programmer opgedeelt, mee säit 2017 geet et an all Programm queesch duerch d’ganz Welt. Och ginn et Tipps fir Concertëen, déi der Couleur vun der Musek entspriechen.
D’Sendung baséiert sech op eng Mediathéik vun 15.000 Tounträger, och Downloads, déi kontinuiérlech aktualiséiert ginn. Och liesen ech eng Dosen Fachzäitschrëften an och Bicher, fir datt d’Informatiounen och stëmmen. D’Sendung get am Wanterguart-Studio doheem opgeholl an am viraus an den ARA geschéckt.
LISTEN BACK TO OUR ARCHIVE HERE