
Méi wéi Sex ass de Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper. All zwou Woche schwätze mir, d*Robin, den Elie, de Joël an d’Kelly iwwer Gefiller, Sexualitéit a Kierper. Mir ginn dobäi vun eisen eegenen Erfarungen aus, mä ginn eis net domadder zefridden, Anekdoten ze zielen. Mir schwätze seriö iwwer Sex, ouni dobäi den Humor ze verléieren. Fir esou vill Perspektive wéi méiglech eran ze bréngen, hu mir och reegelméisseg Gäscht an Expert*innen am Studio.Matt finanzieller Ennerstëtzung vun der Direction de la Santé am Kader vum nationalen Aktiounsplang “Santé affective et sexuelle” a matt frëndlecher Ennerstëtzung vum CESAS, dem nationale Referenzzentrum fir d’Promotioun vun der affektiver a sexueller Gesondheet.
Eis Illustratioune sinn vum Michèle Lawniszak (Studio Mila) fir d’Staffelen 1-4 a vum Lynn Kelders (@lynnkelders) ab Staffel 5.
Eis Illustratioune sinn vum Michèle Lawniszak (Studio Mila) fir d’Staffelen 1-4 a vum Lynn Kelders (@lynnkelders) ab Staffel 5.
LISTEN BACK TO OUR ARCHIVE HERE