loader image

Radio ARA

RADIO_ARA_logo_horizontal_baseline_qu1

Radio ARA is the independent, non-commercial Radio Station of Luxembourg.

Active since 1992, Radio ARA is the oldest Community Radio in the country

and has always been identified as an alternative in the Luxembourgish media landscape.

The program of Radio ARA is as colourful and diverse

as the opinions, culture and music of the people living in the Grand Duchy.

The Radio For All Voices

Ouereschlëffer

Show Info

Call in: +352 22 22 89

Show Times

Not Currently Scheduled.

About the Show


“Ouereschlëffer” ass eng Zesummenaarbecht vum Radio ARA, dem IFEN (Institut de Formation de l’Education nationale) an dem SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques) fir d’Mediekompetenzen ze fërderen.

Fir e Projet “Ouereschlëffer” mat enger Schoulklass ze realiséiere geet en I-CN, Instituteur spécialisé en compétences numériques, zesumme mat engem radioerfuerene Mataarbechter vum Radio ARA an/oder dem SCRIPT an d’Schoulklass an erkläert wat Radio ass, wéi ee Radio mécht, an op wat e sollt oppassen.

Mam “Ouereschlëffer” gi verschidde Kompetenze geschoult, wéi d’Recherche no Informatiounen, d’Verschaffe vun Informatiounen an Daten an d’Kommunikatioun vun deem, wat ee recherchéiert huet. Dëst setzt viraus, dass een driwwer nodenkt, wat ee wëll um Radio vermëttelen, wien ee wëll uschwätzen a wéi een seng Informatioun eriwwerbréngt. Donieft muss ee sech trauen ze schwätzen, sech bewosst sinn, dass vill Leit kënnen héiere wat ee seet a sech kloer an ugemiess ausdrécken.

Am Fall vun Interviewe léiert een e Froekatalog opzestellen, en Interviewpartner fannen, en Interview féieren, an deen dono digital verschaffen, fir dass en um Enn kann um Radio gesent ginn.