
Progressive Rock ass Enn de 60’er an ugangs de 70’er entstaan, an dat haaptsächlech an England.
Gruppen wéi YES, GENESIS, PINK FLOYD, KING CRIMSON oder EMERSON, LAKE & PALMER hunn e musikalesche Genre entwéckelt mat deels komplizéierten Arrangementer. PROG ROCK war an den 80’er net méi esou gefrot, mee ab de 90’er ass e Revival festzestellen.