
Radio Aktiv ass eng Sendung fir Jonker vun Esch zum Deel och vun hinne selwer produzéiert. Niewent der Musek gitt Dir gewuer wat zu Esch fir Jonker lass ass, wat Jonker zu Esch kenne maachen a wou Hëllef, Berodung oder Aktivitéit ugebuede gëtt.
All Jonker vun Esch kenne ganz einfach mat maachen an esou Erfarungen am Radio maache sammelen. Niewent der Recherche fir Bäiträg, der Technik beim Ophuelen an dem Knowhow fir d‘Benotze vu Mikroen, gëtt och d‘Postproduktioun vun de Jonke begleet.
LISTEN BACK TO OUR ARCHIVE HERE