
„Um Comptoir“, dat ass den intergenerationellen Podcast vu move. , déi Jonk am Mouvement Écologique, wou mir an all Episode mat engem Expert iwwert ee bestëmmten Thema schwätzen a wichteg Zukunftsfroen diskutéieren.
Um Comptoir ass een lockert Format dat den Dialog tëschent de Generatioune fërdert. Dobäi kréie Jonker d’Méiglechkeet hier Froen zu verschiddenen Theme lass ze ginn. Vill Wäert gëtt och drop geluecht, Problemer unzeschwätzen, Léisungen ze sichen a politesch Fuerderungen ze formuléieren.
Du hues Loscht bei move. aktiv ze ginn a villäicht selwer eng Kéier eng Episode vun „Um Comptoir“ ze moderéieren? Oder du hues eng Iddi fir eng Episode vun eisem Podcast? Da mell dech bei eis iwwer Instagram, Facebook oder per Mail op move@oeko.lu.