
Visions of the Past ass eng musikalesch Rees an d’Vergaangenheet. An d’60’er an d’70’er!
Psychedelic Rock, Progressive Rock, Folkrock aus där Zäit stinn um Programm, awer net onbedéngt déi bekannte Gruppen an Artisten. Et gi villméi Raritéiten a Pärelen aus där immens kreativer Zäit ausgegruewen a proposéiert.
Deemno, e ganz spezielle Flashback op Disken vu Gruppen déi sech beispillsweis Fifty Foot Hose, Fred, Mr. Fox, Riverson oder Music Emporium genannt hunn.
Visions of the Past leeft zënter 2002, a gëtt all zweete Freideg vun 21:00 – 00:00 ofwiesselnd vum Claude a vum Ben presentéiert.
LISTEN BACK TO OUR ARCHIVE HERE