Published on 25/01/2022 7:30 pm

Nom Wanterschlof geet et zréck op de Canapé: Am éischten Episod vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ schwätzen d’Sarah Bergdoll, Coordinatrice générale bei der Fondation EME, an de Senior Här Hansen mam Isabel Spigarelli ënner anerem iwwert d’Magie vu der Musek an d’Wichtegkeet vu Streaming fir eeler Mënschen.

Wéi zougänglech ass Konscht a Kultur fir Mënschen am Alter? Wéi verännert sech de kulturellen Honger am Laf vum Liewen a gëtt et sou eppes, wéi de Soundtrack vum eegene Liewen? D’Sarah Bergdoll organiséiert bei der Fondation EME ënner anerem musikalesch Veranstaltunge fir Senior*innen. Ee vu hinnen ass den Här Hansen, dee mat Mëtt achtzeg Kulturerliefnisser wéi déi vu der Fondation EME als Remède géint allerlee mental Problemer am Alter versteet souwéi als Stëtz fir Mënsche mat Demenz. Zesumme mam Isabel Spigarelli ginn si op d’Sich no Ënnerscheeder a Gemeinsamkeeten tëscht de Generatiounen, schwätzen iwwert d’Greta Thunberg an diskutéieren doriwwer, wat déi wuel einfachst Alternativ zu Netflix, Spotify a Co ass.

Belongs to

Um Canapé mat der woxx

With : woxx Every fourth Tuesday of the month at 19h30

Ee Mol am Mount schwätze woxx-Journalist*innen ënnerteneen oder mat Gäscht iwwert Konscht a Kultur. Wat hinnen dobäi wichteg ass? Datt si sozial a …

  • Lb

#12 Wéi altersfrëndlech ass d’Kulturliewen?