Published on 26/07/2022 7:30 pm

Dëse Mount gëtt et rëm musikalesch um Canapé mat der woxx: De Helder Da Graça vum Klang Keller ass op Besuch. Hien zielt vu Schloflidder, Musek fir an de Musée an enger Museksausbildung, déi weder no sozialer Klass nach no Genre funktionéiert.

Musek huet brauch keng Wieder – stëmmt dat? Oder versiche Mënschen se awer mat Begrëffer ze beschreiwen, déi hir ni gerecht kënne ginn? Dës an aner Froen diskutéiere de Helder Da Graça, Leeder vum Projet Klang Keller vu Finkapé – Réseau Afrodescendant, an d’ Isabel Spigarelli vun der woxx. An dësem Gespréich hëlt de Helder verschidden Aspekter vun der Museksausbildung auserneen: Wat huet hie géint dat Wuert Weltmusek? Wisou ass et wichteg, datt an engem Conservatoire net nëmme Musek aus Europa oder Instrumenter vermëttelt ginn, déi aus westleche Länner stamen? A wéi gesäit eng Museksausbildung aus, déi mat koloniale Muster a Klassismus brécht? Um Ënn erwaart Iech dann nach eng musikalesch Surprise, fir déi et sech méi wéi lount, drun ze bléiwen!

Belongs to

Um Canapé mat der woxx

With : woxx Every fourth Tuesday of the month at 19h30

Ee Mol am Mount schwätze woxx-Journalist*innen ënnerteneen oder mat Gäscht iwwert Konscht a Kultur. Wat hinnen dobäi wichteg ass? Datt si sozial a …

  • Lb

#18 Muséksbildung demokratiséieren