Published on 25/10/2022 7:30 pm

Loscht op déi nei Episod vum Kulturpodcast zum Thema Inclusioun?

D’Peggy Kind vum Mierscher Kulturhaus an den Didier Scheuren vun cooperationsART sinn op Besuch um Canapé an diskutéieren iwwert Muecht, Liichtegkeet, Kulturpolitik a méi. D’Mierscher Kulturhaus schreift dës Saison Inclusioun besonnesch grouss: Ënnert dem Slogan “Inklusion Kultur. Grenzen, los!” solle bewosst Kënschtler*innen mat Behënnerung an de Programm opgeholl souwéi den Zougang vir de Public mat Behënnerung erliichtert ginn. Dat inklusiivt Kënschtler*innenkollektiv cooperationsART ass Deel dovunner. Mä wéi gëtt Inclusioun am Kulturberäich ëmgesat? Hu Mënsche mat oder ouni Behënnerung d’Handlungsmuecht? A wat fir eng Roll spillt um Ënn och d’Kulturpolitik? D’Peggy Kind, Beopragt fir Inclusioun am Mierscher Kulturhaus, an den Didier Scheuren, Workshop-Leeder bei cooperationsART, tauschen sech mam Isabel Spigarelli vun der woxx doriwwer aus.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.

Belongs to

Um Canapé mat der woxx

With : woxx Every fourth Tuesday of the month at 19h30

Ee Mol am Mount schwätze woxx-Journalist*innen ënnerteneen oder mat Gäscht iwwert Konscht a Kultur. Wat hinnen dobäi wichteg ass? Datt si sozial a …

  • Lb

#21 Inclusioun: (K)een Thema? Grenzen, los!