D’ Sandy Artuso vum Theaterkollektiv Independent Little Lies hëllt fir d’ zweet Kéier Plaz um Canapé mat der woxx: Dës Kéier schwätzt d’ Sandy iwwert de Konschtfestival Queer Little Lies, deen dëse Weekend am Bâtiment 4 zu Esch souwéi an der Escher Bibliothéik stattfënnt, mä och iwwert d’ Plaz vu queerer Konscht op der Bün, hannert de Kulissen an am politeschen Diskurs zu Lëtzebuerg.
All zwee Joer stellt d’ Theaterkollektiv Independent Little Lies queer Konscht a Kënschtler*innen an de Mëttelpunkt vun engem Festival: dem Queer Little Lies. No der éischter Editioun am Joer 2018 huet sech an der lëtzebuergescher Kulturzeen vill gedoen. Nieft der Pandemie, gouf et och Verännerungen an der Programmatioun vu Kulturinstitutiounen: Et komme méi queer Themen op. Mä wéi wäit ass dat nohalteg? A wéi gëtt déi Oppenheet vum rietse politesche Spektrum instrumentaliséiert? Iwwer dës an aner Froen denkt d’ Sandy Artuso zesumme mam Isabel Spigarelli no.
Weider Informatiounen zum Queer Little Lies Festival (25. – 27. November) op queerlittlelies.lu.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.
Belongs to
Um Canapé mat der woxx
With : woxx Every fourth Tuesday of the month at 19h30Ee Mol am Mount schwätze woxx-Journalist*innen ënnerteneen oder mat Gäscht iwwert Konscht a Kultur. Wat hinnen dobäi wichteg ass? Datt si sozial a …
- Lb