Hei ass den zweeten Deel vun eiser Mini-Podcastserie zum Thema rape culture: Am August schwätzt d’Ainhoa Achutegui, Direktesch vun der Abtei Neimënster, iwwert d’Verantwortung vu Veranstalter*innen a Kulturinstitutiounen.
E gouf am Juli versprach, hei ass en – den zweeten Deel vun eiser Mini-Podcastserie zu rape culture. Dëse Begrëff ëmfaasst ënner anerem sozial a kulturell Verhalensweisen, déi sexualiséiert Gewalt verharmlosen oder ignoréieren, d’Schold dofir bei den Affer sichen oder alles dat zesummen.
Huet lëschte Mount déi spuenesch Kënschtlerin Laia Abril gedeelt, wéi si dat Thema an hirer Aarbecht souwéi an der Ausstellung „On Rape“ an der Abtei Neimënster ugeet, schwätzt lo d’Ainhoa Achutegui iwwert den Ëmgang vu Kulturveranstalter*inne mat rape culture.
Wéi sollen si virgoen, wann bei engem Event alles aus dem Rudder leeft? Wéi mussen si Kënschtler*inne mä och Fans begéinen, déi géint de Konsens verstoussen a sexualiséiert oder aner Gewaltformen uwenden? A wat deet sech am Lëtzebuerger Kulturbetrib, fir géint rape culture virzegoen? Lauschtert eran an diskutéiert mat!
Abonnéiert de Podcast op Apple Podcasts (iTunes) / Spotify / Android.
Unmierkung: Dësen Episod ass Mëtt Juli opgeholl ginn – antëscht leie weider Informatiounen zum Fall Till Lindemann (Rammstein) vir, déi mir zum Zäitpunkt vun der Opnam net konnte virausgesinn.
Belongs to
Um Canapé mat der woxx
With : woxx Every fourth Tuesday of the month at 19h30Ee Mol am Mount schwätze woxx-Journalist*innen ënnerteneen oder mat Gäscht iwwert Konscht a Kultur. Wat hinnen dobäi wichteg ass? Datt si sozial a …
- Lb