Published on 16/11/2021 7:30 pm

Um Mieresbuedem ass et roueg: Le Monde du silence huet den Jacques Cousteau dat genannt an sou ass d’Virstellung vu villen. Leider stëmmt dat net, well duerch Schëffer an d’Sich no Ueleg ass et enorm haart ginn an de Mierer. Dat huet desastréis Effekter op d’Fësch, Waler an aner Mieresliewewiesen. Mir schwätze mam Michelle Kleyr, Lucie Wahl an dem Ganaël Dumreicher iwwert hire Projet AnthropOcean, deen op dëse Problem opmierksam mécht. Nieft Walgesäng an dem Containerschëff Ever Given geet et awer och ëm d’Fro, wéi aktivistesch a politesch Konscht däerf oder esouguer muss sinn.

Belongs to

Um Canapé mat der woxx

With : Joël Every fourth Tuesday of the month at 19h30

Ee Mol am Mount schwätze woxx-Journalist*innen ënnerteneen oder mat Gäscht iwwert Konscht a Kultur. Wat hinnen dobäi wichteg ass? Datt si sozial a …

  • Lb

Um Canapé mat der woxx – #10 Konschtaktivismus, Mier a Walgesänge