Published on 21/12/2021 7:00 pm

Maacht Iech et gemittlech, mir hunn ass déi läscht Episode vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ fir dëst Joer: D’Joanne Theisen an d’Isabel Spigarelli huelen Filmer a Serien ënnert Lupp, an deenen Menschen um autisteschen Spektrum d’Haptroll spillen.

Mënschen um Spektrum sinn Nerds, iwwerbegabt a gi mat intimen Bezéiungen net eenz – Klischee oder Realitéit? Zesummen mam Joanne Theisen, selwer um Spektrum, diskutéiert d’Isabel Spigarelli entspriechend erfollegräich Filmer a Serien wéi Love On The Spectrum, Atypical, Big Bang Theory, Rain Man oder Adam. Dobäi kommen si ënner anerem och op d’Representatioun vu Fraen um Spektrum, Grenziwwerschreidung beim Dating souwéi d’Duerstellung vu Behënnerungen a mentalen Krankheeten am Allgemengen ze schwätzen.

Belongs to

Um Canapé mat der woxx

With : Joël Every fourth Tuesday of the month at 19h30

Ee Mol am Mount schwätze woxx-Journalist*innen ënnerteneen oder mat Gäscht iwwert Konscht a Kultur. Wat hinnen dobäi wichteg ass? Datt si sozial a …

  • Lb

Um Canapé mat der woxx – #11 Konscht um Spektrum