Published on 26/04/2022 7:30 pm

Et geet musikalesch weider um Canapé mat der woxx: D’Annemie Osborne ass Cellistin, déi ënner anerem an Institutioune fir Mënsche mat Demenz a Behënnerunge spillt, fir hinne Musek méi no ze bréngen. Mat der woxx schwätzt si iwwert Musek als Therapie, Biografie a Form vu Lidder souwéi Wuerzelen.

“Musek gehéiert an den Alldag”, dat seet d’Cellistin Annemie Osborne. Wat liicht ëmzesetze kléngt, ass net fir all Mënsch gläichermoossen ze maachen – a fir déi Persounen denkt d’Annemie Osborne sech säit Jore besonnesch Concert’en aus. Si huet ënnert anerem vu 2019 bis 2020 fir d’Fondation EME de Projet “Muséksmomenter – Liewensspueren” geleet, dee sech u Mënsche mat Demenz geriicht huet. Um Canapé mat der woxx erzielt si wéi et ass, op sou ee Publique zou ze goen, a wisou Tréinen heiansdo net ausbléiwen.

Belongs to

Um Canapé mat der woxx

With : woxx Every fourth Tuesday of the month at 19h30

Ee Mol am Mount schwätze woxx-Journalist*innen ënnerteneen oder mat Gäscht iwwert Konscht a Kultur. Wat hinnen dobäi wichteg ass? Datt si sozial a …

  • Lb

Um Canapé mat der woxx – #15 Méi wéi Melodien